Europäesche ParquetSue vum EU-Steierzueler viru Bedruch schützen

RTL Lëtzebuerg
Déi nei EU-Institutioun mat Sëtz um Kierchbierg gouf am Juni 2021 geschaaft. No 20 Joer Verhandlungen. 23 vun de 27 EU-Memberlänner maache mat.
Europäesche Parquet
Déi nei EU-Institutioun mat Sëtz um Kierchbierg gouf am Juni 2021 geschaaft. No 20 Joer Verhandlungen. 23 vun de 27 EU-Memberlänner maache mat.

Europäesche Procureur fir Lëtzebuerg ass de Gabriel Seixas. Hien an d’Vertrieder aus den 22 anere Länner sollen dofir suergen, datt net méi esouvill EU-Gelder duerch Finanzkriminalitéit oder Korruptioun verluer ginn.

“Verschiddene Schätzungen no hu Memberstaaten an d’Unioun all Joers Milliarden Euro un Akommes verluer, ënner anerem wat TVA ugeet.” Honnerte Millioune vun europäesche Subside wiere verluer gaangen oder net genotzt gi wéi se sollten, seet de Gabriel Seixas.

Virun der Grënnung vum Europäesche Parquet waren déi national Autoritéite kompetent fir Finanzkriminalitéit a Bezuch mat EU-Gelder nozegoen. An der neier EU-Institutioun ginn dës Fäll elo prioritär behandelt a virun allem falen opwenneg Kooperatiounen tëscht de Länner ewech. “D’Weeër si méi kuerz”, erkläert den Europäesche Procureur fir Lëtzebuerg.

D’Zentral vum Europäesche Parquet mat sengen 23 Procureuren an der Cheffin, der Rumänin Laura Kövesi, ass zu Lëtzebuerg. Enquêtéiert gëtt awer dezentral vun 149 europäeschen delegéierte Procureuren an den 23 Memberlänner. Si schaffen exklusiv fir den Europäesche Parquet.

Onofhängegkeet vun den nationalen Autoritéite garantéieren

Dirigéiert an iwwerwaacht ginn d’europäesch delegéiert Procureure bei hiren Dossiere vun enger vun de permanente Chambere vum Europäesche Parquet. An där Chamber gëtt um Enn och entscheet, ob eng Affär soll viru Geriicht kommen oder klasséiert gëtt. Et géing hei drëms, d’Onofhängegkeet vum Entscheedungsprozess ze garantéieren, erkläert de Gabriel Seixas. Dofir géif hien och net an enger Chamber siegéiere, wou et ëm eng Lëtzebuerger Affär geet, mee dräi europäesch Procureuren ouni Lien mam Grand-Duché.

Ermëttlunge vun 2023: Gesamtschued vun 19,2 Milliarden Euro

Den Europäesche Parquet krut zejoert 4.000 Kloen eran. An der Haaptsaach vu privat Leit an nationalen Autoritéiten. Doropshi goufen 1.300 nei Ermëttlungen opgemaach fir e geschätzte Gesamtschued vun 19,2 Milliarden Euro. An 33% vun deenen Ermëttlunge goung et ëm Bedruch mat Subsiden. Haaptsächlech an der Landwirtschaft, mee och am Beräich vun der regionaler Entwécklung.

D’Lëtzebuerger Vertrieder goufen zejoert virop mat TVA-Dossiere, Kloe géint EU-Fonctionnairen an Assistenz-Ufroe vun europäeschen delegéierte Procureuren aus anere Memberlänner befaasst. 2024 kéinten éischt Affäre viru Lëtzebuerger Geriichter kommen. Zejoert huet den europäesche Parquet an anere Memberlänner am Ganzen 139 Ukloen agereecht. Et koum zu 48 Verurteelungen. 1,5 Milliarden Euro goufen op Uerder vun nationale Geriichter agefruer.

Back to Top
CIM LOGO