Zoustand eeschtSurfer bei Haiugrëff viru Westküst vun Australien schwéier blesséiert

AFP, iwwersat vun RTL
Virun der Westküst vun Australien ass e Surfer vun engem Hai ugegraff a schwéier verwonnt ginn.
Vor der Westküste Australiens ist ein Surfer von einem Hai angegriffen und schwer verletzt worden. er Vorfall ereignete sich den Behörden zufolge in Glenfield Beach etwa 400 Kilometer nördlich der Stadt Perth.
Geschitt ass dat Ganzt zu Glenfield Beach eng 400 Kilometer nërdlech vun der Stad Perth.
© AFP/Archiv

De Mann an de Fofzeger wie no der Haiattack an engem "eeschten, awer stabelen Zoustand". Dat huet de Sender ABC gemellt a berifft sech op lokal Gesondheetsautoritéiten. Geschitt ass den Ugrëff zu Glenfield Beach eng 400 Kilometer nërdlech vun der australescher der Stad Perth. D'Bewunner do goufen opgeruff, besonnesch virsiichteg ze sinn.

Zanter 1791 gouf et an Australien ongeféier 1.300 Tëschefäll mat Haien, iwwer 260 dovu waren déidlech. Dass et ëmmer méi Waassersportler ginn, féiert dozou, dass och d'Zuel vun den Haiugrëff klëmmt. Besonnesch betraff si Surfer, déi vun Haien an d'Extremitéite gebass ginn, well d'Raubfësch si mat Robbe verwiesselen.

Back to Top
CIM LOGO