No bal 50 JoerSyrien steet net méi op der Terror-Lëscht vun den USA

RTL Lëtzebuerg
D'USA haten d'Land am Joer 1979 op d'Lëscht vun de "staatlechen Ënnerstëtzer vum Terrorismus" gesat.
© AFP

Zanter e Méindeg ass Syrien net méi op der Terror-Lëscht vun den USA, dat no bal 50 Joer. Syrien géing ee schmäerzhaft Kapitel aus senger Vergaangenheet erausrappen, esou de syreschen Iwwergangspresident Ahmed al-Scharaa en Dënschdeg an enger Ried, an där hien och dem US-President Trump Merci gesot huet.

D'USA haten d'Land 1979 op d'Lëscht vun de "staatlechen Ënnerstëtzer vum Terrorismus" gesat. 2025 haten den Donald Trump schonn eng Partie Sanktioune géint Syrien opgehuewen.

Back to Top
CIM LOGO