
Taiwan huet e Sonndeg matgedeelt, datt een 16 chineesesch Schëffer, vun der Garde Côte, wéi och Fuerschungs- oder Fëscherbooter verdriwwen hätt, déi alleguer zäitgläich un enger "Belästegung op Séi" bedeelegt gewiescht wieren.
Et wier eng "ongewéinlech grouss" Unzuel u chineesesche Booter, déi bei dëser zu Deel koordinéierter Aktioun ronderëm déi taiwanesch Haaptinsel esou wéi d'Insel Partas bedeelegt gewiescht wieren, esou déi taiwanesch Garde Côte an engem Schreiwes.
Peking beusprocht Taiwan jo ëmmer nees als eegenen Territoire an huet scho méi wéi eng Kéier domadder gedreet, datt een d'Insel och mat Force géif anhuelen. China huet och säi maritimmen Drock an e leschte Méint op Taiwan erhéicht, andeem een eng Rekordzuel u Booter vun der Garde Côte oder vu Fuerscher respektiv nach aner Schëffer ronderëm d'Insel schéckt.
D'Operatioun vum Sonndeg koum kuerz nodeem déi taiwanesch Garde Côte Waasserwerfer géint chineesesch Fëscherbooter bei Pratas agesat huet. Dëst hat China zu enger rosener Äntwert verleet.
Taiwan kontrolléiert u sech Pratas, och nach als Dongsha bekannt, déi am Südweste vun Taiwan läit. Ma Peking beusprocht d'Insel mat de Gewässer ronderëm fir sech.