"De groussen Egalisateur"Tech-Cheffe plädéiere fir nach méi Rechenzenteren a manner Regulatioun

RTL Lëtzebuerg
D’Multimilliardäre Mark Zuckerberg an Elon Musk hunn um G20-Innovatiounssommet am US-Staat North Carolina fir d'Konstruktioun vun neie Rechenzenteren a Kraaftwierker plädéiert, fir den enorme Stroumbedarf vun der KI ze decken.

Den Zuckerberg sot, de Bau kéint Honnerte vun Dausenden, vläicht souguer Millioune qualifizéiert Aarbechtsplaze schafen. De Musk huet virun enger imminenter Stroumknappheet gewarnt, déi China e Virdeel kéint ginn.

Den Nvidia-Chef Jensen Huang huet d’Potenzial vun der kënschtlecher Intelligenz ervirgehuewen. D’KI wier a villen Hisiichten e "grousse Gläichmaacher". Länner, déi an d’Technologien investéieren, kéinten domat hir Gesellschaft an hir Industrie vill méi séier virubréngen, wéi si sech et jee virstelle kéinten.

D’US-Regierung wëll d’G20-Länner dovunner iwwerzeegen, keng nei staatlech KI-Regulatiounsautoritéit ze schafen. Amplaz solle bestoend Secteursregulateure benotzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO