Police iwwerrascht vun ÉierlechkeetTeenager fënnt 500 Euro a Rheinland-Pfalz a gëtt se of

AFP
En éierleche Jong vun 13 Joer huet an engem Bancomat vun enger Bank zu Germersheim a Rheinland-Pfalz Sue fonnt a se der Police ofginn.
Symbolbild
© QUENTIN DE GROEVE/Hans Lucas via AFP

Dass et nach esou vill Éierlechkeet gëtt, doriwwer huet och d'Police gestaunt. E Jonke vun 13 Joer wollt op enger Bank Suen ophiewen, ma am Bancomat waren nach 500 Euro, déi wuel eng aner Persoun opgehuewen, awer net agestach hat. Amplaz d'Schäiner ze halen, huet de Jonken decidéiert, domat bei d'Police ze goen a se ofzeginn.

Wiem seng 500 Euro et sinn, ass den Ament nach onkloer, de vergiessleche Besëtzer wäert sech awer méi wéi freeën.

Back to Top
CIM LOGO