Trotz Annonce vum Donald TrumpTeheran no gëtt um Sonndeg kee Friddensaccord ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
D’Friddensofkommes tëschent den USA an dem Iran sollt eigentlech um Sonndeg ënnerschriwwe ginn.
© SAUL LOEB/AFP

Op d’mannst hat den US President Donald Trump sech dat gewënscht. Hien hat annoncéiert, datt elo ënnerschriwwe gëtt an datt d’Strooss vun Hormus direkt dono fir jiddereen op ass.

Dee Wonsch schéngt awer net an Erfëllung ze goen.

Teheran schléisst aus, datt haut iergendeppes ënnerschriwwe gëtt an et heescht, datt nach keng definitiv Decisioun iwwert e Friddensofkommes geholl gouf.

Back to Top
CIM LOGO