
An enger parteiinterner Ofstëmmung huet sech d'Tilly Metz géint zwee däitsch Kandidaten duerchgesat an ass vun hirer Partei nominéiert gi fir de Poste vun der Vizepresidentin vum EU-Parlament. An den aktuellen Zäiten an Ëmstänn bräicht et am Parlament eng staark progressiv a gréng Presenz, sou déi lëtzebuergesch Politikerin.
Den LSAP-Politiker Marc Angel war tëscht 2023 an 2024 dee leschte Lëtzebuerger, dee Vizepresident vum EU-Parlament war. Op dëser begierter Plaz leet een zum Beispill Plenarsëtzungen, wann d'Presidentin Roberta Metsola net do ass an et vertrëtt een d'Volleksvertriedung bei wichtegen Evenementer, och op internationalem Niveau.
Am Ganze ginn et 14 EU-Vizepresidenten. Bis den 12. November brauch d'Tilly Metz d'Ënnerstëtzung vum Plenum. Eng Néierlag wier do fir déi Gréng, déi duerch déi arithmetesch Sëtzverdeelung ënnert de Fraktiounen normalerweis Urecht hunn op sou eng Plaz, wuel eng Iwwerraschung. Et gëllt, déi aner Parteien z'iwwerzeegen, sou d'Politikerin.