Decisioun fält Mëtt NovemberTilly Metz kandidéiert fir Posten als Vizepresident vum EU-Parlament

RTL Lëtzebuerg
Sollt si gewielt ginn, wier déi gréng Deputéiert déi nächst Lëtzebuerger Vizepresidentin vum EU-Parlament zanter dem Marc Angel 2024.
Bannent der grénger Fraktioun ginn dem Tilly Metz gutt Chancen nogesot, sech d'Kandidatur fir de Posten ze sécheren.
© MARTIN BERTRAND/Hans Lucas via AFP

Déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz huet eng Kandidatur agereecht fir e Posten als Vizepresidentin am EU-Parlament, Dat huet Sie de Kolleege vum Wort géintiwwer confirméiert.

Den 21. Oktober fält eng intern Decisioun an der Fraktioun, wou hir gutt Chancen nogesot ginn. Sollt si do nominéiert ginn, wäert Mëtt November an der Plenière zu Stroossbuerg gewielt ginn.

Déi Gréng mussen am Europaparlament e Posten als Vizepresident nei besetzen, nodeems e Rumän dee bis ewell an där Positioun war, neien Co-Chef vun der grénger Fraktioun gëtt. Béid Positioune sinn net matenee compatibel.

Tëscht 2023 an 2024 war de Marc Angel de leschte Lëtzebuerger, dee Vizepresident am EU-Parlament war.

Back to Top
CIM LOGO