Elo a Spuenien isoléiertTourist no Openthalt a Frankräich positiv op den Hanta-Virus getest

AFP, iwwersat vun RTL
Bei engem franséisch-argentinesche Staatsbierger, deen am Juli als Tourist a Frankräich war, ass eng Infektioun mam Hanta-Virus festgestallt ginn.
D'Hondius op de leschte Meter um Wee an den Hafe vu Rotterdam.
Am Mee war den Hanta-Virus op der MV Hondius ausgebrach.
© JOHN THYS/AFP

No engem Openthalt a Frankräich wier de Patient mat senger Famill a Spuenien isoléiert ginn, huet de franséische Gesondheetsministère en Donneschdeg matgedeelt. Hien hätt just liicht Symptomer gehat a wier antëscht symptomfräi.

Et géifen elo "all Mesuren" geholl ginn, fir déi eenzel Statioune vum Mann senger Rees nozevollzéien, esou de franséische Santésministère. Ausserdeem géif sech och um europäeschen Niveau ënnerteneen ofgestëmmt ginn.

Wéi et heescht wier beim Tourist d'Anden-Variant vum Virus nogewise ginn, déi och fir den Ausbroch op der "MV Hondius" verantwortlech war. Et ass déi eenzeg Variant vum Hanta-Virus, déi sech noweislech vu Mënsch op Mënsch iwwerdroe kann.

De Gesondheetsministère zu Paräis huet fir en Donneschdeg am Nomëtteg eng Sëtzung mat Experten aberuff, fir iwwer wieder Schrëtter am Fall ze schwätzen. Am Laf vum Donneschdegowend sollen da weider Informatioune bekanntgemaach ginn.

Déi franséisch Autoritéiten hu keng Aussoen doriwwer gemaach, ob de Fall iergendwéi a Verbindung zum Hanta-Virus-Ausbroch um Kräizschëff "MV Hondius" am Mee steet. Deemools waren dräi Leit gestuerwen an op d'mannst 13 Mënschen hate sech infizéiert. D'Weltgesondheetsorganisatioun hat den Ausbroch Ufank Juli fir eriwwer erkläert.

Back to Top
CIM LOGO