
Wéi lokal Autoritéite matgedeelt hunn, waren nieft dem Pilot sechs Touristen u Bord vum Helikopter, wéi et zum Ongléck koum. "Ech ka confirméieren, dass et sech ëm en Accident handelt, et gi keng Iwwerliewender", sou de lokale Loftfaart-Vertrieder géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Laang war onkloer, wéi eng Nationalitéit d'Affer hunn, spéider koum eraus, dass 5 US-Bierger u Bord waren. Och de ecuadorianesche Geheimdéngschtchef Michele Sensi-Contugi an de Pilot koumen ëm d'Liewen.
An engem Video op de soziale Medie gesäit ee schwaarzen Damp iwwert der Onglécksplaz um Bord vum Mount Ololokwe. Den 2.000 Meter héije Bierg gëllt beim Samburu-Vollek als helleg an ass e beléiften Zil fir Wanderungen. Sëllegen Organisateure bidde Flich iwwer de Bierg un.
Wéi d'Agence weider matdeelt, war den Helikopter am Naturschutzgebitt Loisaba Conservancy gestart an ass géint 09:13 Auer aus nach ongekläerter Ursaach erofgefall. Rettungsekippe vum Roude Kräiz goufen op d'Plaz geschéckt.
Den ecuadorianesche Verkéiersminister Roberto Luque huet nom Doud vum Geheimdéngschtchef an deem senger Fra säi Matgefill ausgedréckt: " Eis Gedanke si bei hire Familljen, besonnesch bei hire Kanner an Elteren".
Wéi de spuenesche Sender Telemundo matgedeelt nach huet, wier ënnert den Affer ee vu senge Manager aus Florida gewiescht, de José Alberto Suárez.