Krich an der UkrainTrump annoncéiert "Energie-Wafferou", Selenskyj weist sech iwwerrascht

AFP
No sengem ëmstriddenen Diesel-Deal a Meenungsverschiddenheete mam ukrainesche Staatschef Wolodymyr Selenskyj huet den US-President Donald Trump e Sonndeg iwwerraschend eng "Energie-Wafferou" tëscht Kiew a Moskau annoncéiert.
Im Streit um seinen Diesel-Deal mit Moskau hat US-Präsident Trump die Ablösung des ukrainischen Staatschefs Selenskyj verlangt: Es sei "an der Zeit, dass die Ukraine einen neuen Präsidenten bekommt", der bereit sei, den Krieg mit Russland zu beenden.
Béid Länner hätten zougestëmmt, mat effet immédiat hir Ugrëff op d'Energie-Infrastruktur vun deem anere Land ze stoppen, sot den Trump. Den ukrainesche President sot sech iwwerrascht.
© AFP

Béid Länner hätten zougestëmmt, mat effet immédiat hir Ugrëff op d'Energie-Infrastruktur vun deem anere Land ze stoppen, sot den Trump. Den ukrainesche President Selenskyj huet op d'Annonce iwwerrascht reagéiert. Kiew géif esou eng Wafferou allerdéngs anhalen, wa Russland sech och géif drun halen. Aus Moskau gouf et bis ewell nach keng Reaktioun.

No enger éischter Reaktioun, d'Wafferou wier "eng Nouvelle" fir hien, huet den ukrainesche President duerno gesot, et géif een op Detailer vun den USA waarden. Aus Europa gouf et Ënnerstëtzung fir d'Wafferou-Propos, dat ënnert anerem vum franséische President Macron a vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.

Den Trump hat scho Mëtt September virgeschloen, datt d'Ukrain a Russland keng Energie-Infrastruktur an deem jeeweils anere Land sollten ugräifen an hat behaapt, et géif eng entspriechend Eenegung tëscht béide Länner ginn. D'Ukrain hat sech deemools oppe gesot, ma aus Russland koum keng Reaktioun.

D'Ukrain gräift zanter Méint verstäerkt d'Energie-Infrastruktur vu Russland un an hëlt dobäi ënnert anerem Raffinerien an Pëtrolsdepoten an d'Viséier. Dem Trump sinn déi ukrainesch Ugrëff zanter laangen een Dar am An.

Ëmstriddenen Diesel-Deal mat Moskau suergt fir Opreegung

Iwwert de Weekend waren d'Spannungen tëscht dem US-President Trump an dem ukrainesche President Selenskyj op en Neits eskaléiert. Am Sträit ëm den Diesel-Deal mat Moskau huet den Trump eng Ofléisung vum Selenskyj gefuerdert. Et wier "un der Zäit, datt d'Ukrain een neie President kritt", dee bereet wier, de Krich géint Russland ze stoppen, sot den Trump e Samschdeg. Hien huet op een Neits een Enn vun den ukraineschen Ugrëff op russesch Raffinerië gefuerdert an huet d'Ukrain opgefuerdert, "sech een neien Uféierer ze sichen." A Krichszäiten si landeswäit Walen allerdéngs éischter ongewéinlech.

Den Trump huet de Selenskyj och dofir verantwortlech gemaach, datt no iwwer véieranhallef Joer Krich bis ewell nach keen Accord iwwert een Enn vum Krich zustane koum. "Russland géif gären een Deal maachen", sot den US-President. "Ma aus wéi enge Grënn och ëmmer wëll de Selenskyj keen Deal maachen."

Den ukrainesche President hat virdrun den Accord vum Trump am russesche President Putin kritiséiert, mat där Russland Honnertdausenden Tonnen Diesel liwwere soll. Den Accord wier "net anstänneg" an eng "schwaach Decisioun", sot den ukrainesche President. De Putin kéint elo nach méi een haarde Krich géint d'Ukrain féieren. An engem Interview mat der US-Chaîne ABC huet hien e Sonndeg betount, et wier Saach vun den Ukrainer, iwwert hire Staatschef ze decidéieren.

Mat dem Diesel-Deal huet den Trump géint d'Sanktioune vum Westen - inklusiv vun den USA selwer - géint Russland verstouss. D'Annonce koum just knapps ënner véier Woche virun de Kongresswalen an den USA. Wéinst der Inflatioun an den héijen Energiepräisser, och nom US-Krich géint den Iran, stinn dem Trump seng Republikaner den Ament ënner staarkem Drock.

Sanktiounen e Méindeg Theema um Kierchbierg

D’EU-Ausseministere gesinn sech e Méindeg um Kierchbierg. Et ass e weidere Sanktiouns-Pak géint Russland virgesinn. Esou vill Persounen an Organisatioune wéi nach ni virdru solle sanktionéiert ginn, well se déi russesch Krichsmaschinerie direkt oder indirekt ënnerstëtzen.

EU-Beamten no sollen et bal 1.600 Acteure sinn, déi meescht dovu mat Verbindungen an déi russesch Industrie. Awer och iwwer 70 Leit, déi bei der Organisatioun vun de Wale fir d’Duma an de besate Gebidder an der Ost-Ukrain bedeelegt waren.

Den ukraineschen Ausseminister Andrii Sybiha ass e Méindeg de Moien iwwerdeems fir eng Visitt an der Chamber. Hie gëtt vum Chamberpresident Claude Wiseler fir Gespréicher empfaangen.

Back to Top
CIM LOGO