
Den US-President Donald Trump huet dem Iran am Fall vun enger Bedeelegung beim presuméierten Uschlag op e Fluch vu Flydubai uerg Konsequenzen annoncéiert. "Si wäerte ganz haart getraff ginn, keng Suergen", sou den US-President Trump en Donneschdeg viru Journalisten, op d'Fro, ob et zu méigleche Konsequenze géint den Iran géif ginn, sollt d'Land fir d'Attack responsabel sinn.
Op d'Fro hin, ob den Iran domadder eppes ze dinn huet, huet den Trump gesot: "Ech géif soen, d'Äntwert ass, no allem wat ech héieren, jo. Awer mir schaffe grad drun." Den Trump huet sech elo zu de Faiten geäussert, nodeems déi Vereenten Arabesch Emirater Ermëttlungen ageleet hunn, déi préiwe sollen, op et sech ëm en Terrorakt handelt an nodeems den israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu erkläert huet, dass de verdächtege Copilot duerch eng "radikal islamistesch Indoktrinatioun" gaangen ass.
D'Maschinn vun der Fluchgesellschaft "Flydubai" war e Mëttwoch no Aschätzunge vun der israeelescher Regierung nëmme knapp engem Terroruschlag entgaangen. De Fliger war um Wee vun Dubai op Tel Aviv, wéi dëse massiv un Héicht verluer huet. Der Säit "Flightradar24" no ass de Fliger bannent enger Minutt ëm 5000 Meter ofgesackt. U Bord waren 174 Passagéier, déi meescht dovunner Leit aus Israel.
Dem Benjamin Netanjahu no hat de Copilot de Pilot néiergestach an huet versicht de Fliger ofstierzen ze loossen. Zéien no sollen e puer Passagéier déi vir souzen an de Cockpit gaange sinn an de Copilot iwwerwältegt hunn.