"Ech denken, et wäert passéieren"Trump ass sech ëmmer méi sécher, datt USA Grönland annexéiert

RTL Lëtzebuerg
Och beim Treffe mam NATO-Generalsekretär Mark Rutte huet den US-President eng weider Kéier widderholl, datt hien d'Insel an d'USA integréiere wéilt.
© Photo by Mandel NGAN / AFP

“Wësst Dir, Mark. Mir brauchen dat fir déi international Sécherheet”, sot den US-President, nodeem hie bekräftegt huet, datt Grönland senger Meenung no en Terrain vun den USA wäert ginn. Fir den US-President kéint den Hollänner un der Spëtzt vun der NATO an dësem Dossier nach eng wichteg Roll spillen.

De Mark Rutte huet betount, datt hien d’NATO do “net mat eranzéie wëll”. Hien huet awer dem Trump seng Aschätzung mam Bléck op den “héijen Norden vun der Arktis” gedeelt. D’Chineesen notzen elo schonn dee Wee duerch d’Mier, “a mir wëssen, dat d’Russen oprëschten. Mir wëssen, datt mir e Manktem un Äisbriecher hunn”, esou den NATO-Generalsekretär weider.

Rutte wëll mat Trump zesummeschaffen

Den Donald Trump huet de Mark Rutte awer gelueft. “NATO trëtt no Vir. Dëse Mann ass e Mann, dee weess, wéi een no Vir trëtt”, esou den US-President. Schonn 2018 souze béid Männer zesummen. Deemools hat de Mark Rutte dem Donald Trump nach kloer “Nee” gesot, wéi et ëm en Handelskontrakt tëscht der EU an den USA goung.

Dës Kéier war hien awer méi diplomatesch. Hien huet ënner anerem virgeluecht, wéi Schlësselmembere vun der NATO wéi Groussbritannien an Däitschland däitlech méi an d’Defense investéiere wëllen. An den NATO-Chef huet och dem Trump seng Beméiungen, fir Fridden tëscht der Ukrain a Russland ze stëften, gelueft.

Déi nächste Kéier, wou béid Männer sech kéinte gesinn, wäert beim NATO Sommet 2025 an Holland sinn. “Den Haag ass meng nei Heemescht,” esou de Rutte. “Ech wier frou, Iech do am Summer begréissen ze kënnen an zesummen ze schaffen, fir sécher ze stellen, datt de Sommet e richtege Succès gëtt, an deem Amerika seng Muecht op der Weltbün beweist”, esou den Hollänner géintiwwer dem US-President.

Back to Top
CIM LOGO