"Wierklech groussen Owend"Trump begréisst Walvictoire vun AfD a Sachsen-Anhalt

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-President Trump huet der AfD fir hir Victoire bei de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt felicitéiert.
Zwei Tage nach der Landtagswahl in Sachsen-Anhalt hat US-Präsident Trump den Wahlerfolg der AfD als "wirklich großen Abend" begrüßt. "Wow! Die populistische Partei in Deutschland hatte gerade einen wirklich großen Abend", schrieb er bei Truth Social, ohne die AfD namentlich zu nennen.
Den Donald Trump begréisst d'Walvictoire vun der AfD a Sachsen-Anhalt.
© AFP

Zwee Deeg no der Landtagswal a Sachsen-Anhalt huet den US-President Trump d'Victoire vun der AfD als "wierklech groussen Owend" begréisst. D'AfD huet hien a sengem Post en Dënschdeg op Truth Social zwar net spezifesch genannt, huet awer geschriwwen: "Wow! Déi populistesch Partei an Däitschland hat grad e wierklech groussen Owend."

Mat Bezuch op säi Maga-Slogan "Make America Great Again" huet den US-President "MGGA" geschriwwen, wat wuel "Make Germany Great Again" heesche soll.

Donieft schreift den Trump iwwer d'Walvictoire vun der rietsextreemistescher Partei: "Si hunn endlech genuch vun den absolutt schreckleche Migratiounsreegelen a - virschrëften, déi Däitschland esou geschuet hunn."

D'AfD a Sachsen-Anhalt gouf vum Landesverfassungsschutz als geséchert rietsextreemistesch klasséiert. Trotzdeem huet d'Partei d'Landtagswal mat bal 44 Prozent vun de Stëmme kloer gewonnen an domat hiren Undeel géigeniwwer der Wal vun 2021 méi wéi verduebelt. Si huet awer selwer keng absolutt Majoritéit.

D'Victoire vun der AfD huet weltwäit fir Reaktioune gesuergt. Eng éischte Kéier zanter 1945 kéint eng rietsextreem Partei an engem Bundesland Regierungsverantwortung iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO