Republikaner musse bei de Kongresswale fäertenTrump esou onbeléift wéi nach ni

Carine Lemmer
RTL mat AFP
Virun allem déi héich Liewenskäschten an déi staark geklomme Bensinnspräisser am Kontext vum Krich mam Iran suerge fir Onzefriddenheet.
Den Donald Trump mécht am Kader vun de Midterms Walkampf am Bundesstaat North Carolina.
D'Demokrate kéinte wichteg politesch Projete blockéieren.
© ANNA MONEYMAKER/Getty Images via AFP

Den US-President Donald Trump ass esou mann beléift wei nach ni a sengen zwou Amtszäiten. Nëmmen nach 31 Prozent vun den Amerikaner si mat senger Aarbecht zefridden, wéi aus enger neier Ëmfro vu Reuters/Ipsos ervirgeet. Dat ass ee Prozentpunkt manner wéi nach virun zwou Wochen an den niddregste Wäert, deen den Trump bis elo erreecht huet.

Och fir seng Republikaner gesäit et zwou Woche virun de Kongresswale vum 3. November net gutt aus. Wann elo gewielt géif ginn, géife 47 Prozent vun de registréierte Wieler fir d'Demokraten an nëmme 45 Prozent fir d'Republikaner stëmmen . De Virsprong vun den Demokraten ass domat bannent zwou Woche vu siwen op zwielef Prozentpunkte geklommen.

Besonnesch bei de Frae verléieren d'Republikaner u Support. 50 Prozent vun de Wielerinne géifen den Demokraten hir Stëmm ginn, géintiwwer 32 Prozent fir d'Republikaner.

Ee vun den Haaptgrënn fir déi schlecht Ëmfrowäerter ass d'Wirtschaftspolitik vum Trump. 68 Prozent vun den Amerikaner sinn net domat zefridden, wéi de President mat der Wirtschaft ëmgeet. Dorënner sinn och 37 Prozent vun de Republikaner.

D'Kongresswale vum 3. November gëllen als wichtege Stëmmungstest an der Mëtt vum Trump senger zweeter Amtszäit. Sollten d'Republikaner hir Majoritéit am Representantenhaus oder souguer a béide Kummere vum Kongress verléieren, kéint dat d'Aarbecht vum US-President an de leschten zwee Joer vu senger Amtszäit däitlech erschwéieren. D'Demokrate kéinte wichteg politesch Projete blockéieren an och nei Enquête géint den Trump an d'Weeër leeden.

Allerdéngs ass de landeswäite Virsprong vun den Demokraten net automatesch op d'Walresultat ze iwwerdroen. D'Membere vum Representantenhaus ginn an eenzele Walbezierker gewielt, wärend beim Senat d'Resultater an de jeeweilege Bundesstaaten entscheedend sinn. D'Republikaner hunn dobäi a verschiddene Bezierker a Bundesstaate strukturell Virdeeler.

Back to Top
CIM LOGO