
Den US-Presidenschaftskandidat Donald Trump huet d’Fuerderung vu senger Parteikolleegin Nikki Haley zeréckgewisen, säi Walkampfstil ze änneren a mat de perséinlechen Attacken op seng Konkurrentin Kamala Harris opzehalen. Hie wier “immens rosen” op d’Harris an dowéinst géing hie sech “berechtegt zu perséinlechen Attacken” gesinn, sot de Republikaner en Donneschdeg den Owend op enger Pressekonferenz. Wärenddeem hunn d’Kamala Harris an de President Joe Biden bei hirem éischte gemeinsame Walkampfevenement Zesummenhalt gewisen.
Den Donald Trump hätt ausserdeem erkläert, datt hien “net vill Respekt fir hir Intelligenz” hätt an d’Harris eng “fierchterlech Presidentin” wier. Eigentlech hat d’Nikki Haley de republikanesche Presidentschaftskandidat en Dënschdeg opgefuerdert, sech op déi inhaltlech Ausernanersetzung mat der Demokratin ze konzentréieren. D’Wal géing sech net gewanne loossen, andeem doriwwer geschwat géing ginn, wéi eng “Rass” d’Harris hätt, oder doriwwer, datt si “domm” wier, sot d’Haley der Tëleeschaîne Fox News géigeniwwer. Déi fréier Gouverneurin an Ex-Ambassadrice huet sech domat dorop bezunn, datt den Trump seng Konkurrentin ëmmer erëm als net intelligent bezeechent an hir Identitéit als Afroamerikanerin unzweiwelt. D’Kamala Harris ass d’Duechter vun engem schwaarzen Jamaikaner, hir Mamm ass aus Indien.
D’Presidentschaftskandidatin fir d’Demokraten hat iwwerdeems en Donneschdeg bei hirem éischte gemeinsame Walkampfoptrëtt mam Joe Biden zu Wahsington Zesummenhalt gewisen. Den US-President huet erkläert, datt seng Vize-Presidentin eng “verdammt gutt Presidentin” wäert sinn. D’Harris hirersäits huet den Joe Biden als “aussergewéinleche President” bezeechent. Net vill Presidenten hätte méi fir d’Land geleescht wéi hien. Ënnert anerem hätt hie fir en erweiderten Accès zu “bezuelbarer Gesondheetsversuergung” gesuergt.