
Dem Trump no géif Washington domat eng "dauerhaft Kontroll iwwer d'Sécherheet" vun der autonomer dänescher Arktisinsel kréien. Och militäresch Präsenz an "sensibel Investissementer" vu Géigner vun den USA solle just mat Zoustëmmung vu Washington méiglech sinn. Den Accord soll onbegrenzte Lafzäit hunn.
Déi dänesch Regierung an déi grönlännesch Regierung hunn den Accord begréisst. D'Mette Frederiksen sot, den Accord géif déi gemeinsam Sécherheet an der Arktis an am Nordatlantik stäerken a gläichzäiteg dänesch Souveränitéit an d'Recht vun de Grönlänner op Selbstbestëmmung unerkennen.
De grönlännesche Regierungschef Jens-Frederik Nielsen sot, den Accord géif d'Sécherheet vu Grönland, Dänemark, den USA an der westlecher Allianz stäerken.
Konkret Detailer vum Accord waren am Ufank nach net bekannt. US-Medie mellen awer, datt d'US-Arméi dräi nei Basen am Süde vu Grönland kéint opriichten. D'USA hunn op der Insel schonn d'Pituffik Space Base, déi ënner anerem fir d'Iwwerwaachung vu Weltraumaktivitéiten genotzt gëtt.
Den Donald Trump hat am Wanter ëmmer nees d'Annexioun vu Grönland gefuerdert an dobäi och d'Benotze vu Gewalt net ausgeschloss.