Wäisst Haus sollt Bal-Sall kréienTrump muss ëmstriddenen Ëmbau no Geriichtsurteel elo awer stoppen

AFP
Den US-President Donald Trump huet bei sengem ëmstriddene Projet fir een neie Bal-Sall nieft dem Wäissen Haus eng weider juristesch Néierlag missen astiechen.
US-Präsident Trump hat bei seinem umstrittenen Ballsaal-Projekt neben dem Weißen Haus eine weitere juristische Schlappe hinnehmen müssen. Ein Bundesberufungsgericht bestätigte am Freitag die im April von einem Richter angeordnete Aussetzung der Bauarbeiten.
© AFP/Archiv

Een Appellsgeriicht huet e Freideg d'Urteel vun engem Riichter aus dem Abrëll confirméiert, dat virgesinn huet, datt d'Bauaarbechte misste gestoppt ginn. D'Appellsgeriicht huet d'Urteel domat begrënnt, datt fir de Projet eng Zoustëmmung aus dem Kongress feelt. D'Geriicht huet der Regierung iwwerdeems zwou Wochen Zäit ginn, d'Saach un den Ieweschte Geriichtshaff weiderzeginn. Den Trump huet schonn annoncéiert, dat wëllen ze maachen.

Konkret argumentéiert d'Appellsgeriicht vum District of Columbia, de Stopp vun de Baumesüren hätt "näischt" mam Sënn oder Onsënn vum Projet ze dinn. Villméi géif et just drëm goen, datt den US-President d'Aarbechten ouni d'Zoustëmmung vum Kongress an Ugrëff geholl huet.

D'Riichter hunn erkläert, d'Regierung hätt "keng onageschränkten Erlabnis", dat Wäisst Haus "nei ze gestalten, ëmzegestalten an ëmzebauen, fir de perséinleche Wënsch vum President gerecht ze ginn."

De Projet vum neie Bal-Sall ass eent vun dem Trump senge Prestige-Projeten. Den US-President hat de kompletten historeschen Ostfligel vum Wäissen Haus am Oktober zejoert iwwerraschend ofrappe gelooss, fir Plaz fir säi Bal-Sall ze maachen. Am Trump senger Visioun soll de Sall mat vill Gold, Marmer a grousse Lüsteren ausgestatt ginn a Plaz fir ronn 1.000 Gäscht bidden.

Méi spéint ass bekannt ginn, datt de schonn existéierende Presidente-Schutzraum ënnert dem fréieren Ostfligel gläichzäiteg zu engem moderne Bunker ausgebaut gëtt, iwwert deem dann de Bal-Sall gebaut soll ginn. Dem Trump no gëtt de Projet duerch privat Spende finanzéiert. De Budget beleeft sech antëscht op ronn 400 Milliounen Dollar (ronn 346 Milliounen Euro).

De Bal-Sall beschäftegt zanter Méint d'Geriichter. No der Kritik vun enger Denkmalschutz-Organisatioun, déi vum Kongress beoptraagt war, hat ee Geriicht d'Bauaarbechten am Abrëll gestoppt. Den Trump ass an Appell gaangen.

De Riichter hat deemools decidéiert, datt fir d'Aarbechten d'Zoustëmmung vum Kongress néideg wier. Um Bunker duerft allerdéngs weidergebaut ginn, wat elo och d'Appellsriichter confirméiert hunn.

Den Trump plangt eegenen Aussoen no, Washington "méi schéin a méi sécher" ze maachen. Mat senge Pläng fir de Bal-Sall huet den 80 Joer ale Politiker argumentéiert, datt domat d'Sécherheet vum Wäissen Haus a vun der Haaptstad verbessert gëtt. D'Gebai soll deemno ënnert anerem och eng Droneplattform ophuelen.

Back to Top
CIM LOGO