Militärmanöver mat SüdkoreaTrump reduzéiert amerikanesch Bedeelegung drastesch

RTL mat AFP
Wéinst senge gudde Relatioune mat Nordkorea wëll den Trump manner bei d'Militärmanöver mat Südkorea bäidroen.
© AARON SCHWARTZ/AFP

Kuerz no der Annonce vum US-President Donald Trump, datt een dat gemeinsaamt Militärmanöver mat Südkorea géif kierzen, huet d'Manöver Aussoen aus Seoul no awer ugefaangen. D'Übung wier no Plang gestart , huet e Spriecher aus dem Verdeedegungsministère e Méindeg géintiwwer Journaliste gesot. Déi gemeinsam Militärübung "Ulchi Freedom Shield" dauert eelef Deeg an déngt offiziell als Preparatioun op eng méiglech noutwenneg Defense géint Nordkorea.

Den US-President Donald Trump hat kuerz virdrun annoncéiert, d'Militärmanövere vu sengem Land mam Alliéierte Südkorea "wesentlech" ze verréngeren. Déi gemeinsam Manöver wieren "net just deier, woubäi vill vun dëse Käschte vun den USA bezuelt ginn", esou den Trump a sengem Onlinedéngscht Truth Social. Doriwwer eraus wieren dës Militärübunge och e Signal, dat "total deplacéiert a feindlech" géintiwwer Nordkorea wier.

Den Donald Trump huet betount, datt wärend senger Presidentschaft Nordkorea sech "net bedreelech a respektvoll" verhalen hätt. A wéinst senger "ganz gudder Bezéiung" zum Kim Jong Un wier hien "net glécklech iwwer d'Tatsaach, datt d'USA viru laanger Zäit agewëllegt hunn, sech un de gemeinsame Militärübunge mat Südkorea ze bedeelegen".

Weider heescht et aus dem Wäissen Haus, datt et elo ze spéit wier, den Exercice ofzesoen. Dowéinst hätt hien de Verdeedegungsminister Pete Hegseth ugewisen, d'Militärübunge mat Südkorea "drastesch ze reduzéieren".

Aus dem südkoreanesche Presidentebüro heescht et e Méindeg, datt een hoffe géif, datt déi gutt perséinlech Chimie tëscht dem nordkoreanesche Leader Kim Jong Un an dem US-President Donald Trump dozou géif féieren, datt ee sech nees un een Dësch sëtzt an zesumme schwätzt. "D'Regierung huet am dem US-President Donald Trump säi Message an de Soziale Medie gesinn a hofft, datt dës frëndlech Relatioun tëscht de Leader vun den USA an Nordkorea zu engem Dialog, deen eppes bréngt, ka féieren", esou e Statement vis-à-vis vun AFP.

Back to Top
CIM LOGO