Ouverture vu Strooss vun HormusTrump refuséiert op en Neits Propos vum Iran

AFP, iwwersat vun RTL
Den iranesche President huet op en Neits eng Propos fir eng Ouverture vun der Strooss vun Hormus gemaach. Den US-President refuséiert dës a wéilt den Iran no de Walen nees ugräifen.
Den Trump refuséiert weiderhin all Propos vum Iran fir en Enn vum Krich.
© KENT NISHIMURA/AFP

Den US-President Trump huet eng Propose vum Iran fir eng weider Wafferou zréck gewisen, dat mellt d'Wall Street Journal a berifft sech dobäi op Regierungskreesser. Deemno hätt den Trump senge Beroder intern matgedeelt, datt hie vir hätt, den Iran no de Midterm-Walen am November nees wëllen unzegräifen.

Um Bord vun der UN-Vollversammlung zu New York hat den iraneschen Ausseminister Araghtschi nach e Mol ënnerstrach, datt een d'Hormus-Strooss géif op maachen, sollten d'USA ënnert anerem mat hire Kampfhandlungen an der Regioun ophalen, agefruerent Verméigen nees disponibel maachen an och d'Sanktiounen op iranesche Pëtrol ophiewen.

D'USA hirersäits fuerderen een Enn vum iraneschen Atomprogramm.

Back to Top
CIM LOGO