Trotz weideren Attacken op d'UkrainTrump verschäerft Kritik um Selenskyj

Carine Lemmer
RTL mat AFP
D'Relatiounen tëscht Washington a Kiew hu sech an de leschten Deeg weider verschlechtert.
De Kreml huet confirméiert, datt iwwer d'Méiglechkeet vun engem Treffen tëscht dem Xi Jinping, Donald Trump a Wladimir Putin diskutéiert gouf.

Den US-President Donald Trump huet säin Toun géintiwwer der Ukrain an dem President Wolodymyr Selenskyj nach eng Kéier verschäerft. Hie fënnt, datt et Zäit wier, datt een aneren am Numm vun der Ukrain d'Friddensverhandlunge mat Russland féiert.

De Selenskyj géif de Krich net wëllen op en Enn bréngen, esou den Trump. D'USA hätten der Ukrain enorm vill Hëllef ginn, ouni eppes dofir zeréckzekréien. Gläichzäiteg gouf Russland a Schutz geholl: Moskau hätt sech der Ukrain, senger Meenung no, gutt verhalen an "net vill gemaach". Dat sot hien trotz de weidere russesche Loftattacken op d'Ukrain.

Fir en Dräier-Sommet mam russesche President Wladimir Putin a mam chineesesche Staatschef Xi Jinping huet den Donald Trump sech oppe gewisen. Bei esou enger Reunioun soll et virun allem ëm Atomwaffen an nuklear Ofrëschtung goen. Och de Krich an der Ukrain kéint awer ugeschwat ginn.

Dem Wall Street Journal no, soll de Putin esou eng Entrevue um APEC-Sommet den 18. an 19. November a China proposéiert hunn. Konkret Accorde géif et awer nach net ginn. Den ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha huet gewarnt, datt esou eng Reunioun de Putin just dozou encouragéiere géif, de Krich weiderzeféieren. Och déi däitsch Regierung huet dat kritiséiert a betount, datt eng Friddensléisung net ouni d'Ukrain kéint fonnt ginn.

Iwwerdeems ginn déi russesch Attacken op d'Ukrain weider. An der Nuecht op e Méindeg goufen ukraineschen Donnéeën no méi wéi 200 Dronen a 16 ballistesch Rakéiten agesat. Dobäi goufen et Doudeger, Blesséierter an och beschiedegt zivil Infrastrukture.

Back to Top
CIM LOGO