No duebelem ÄerdbiewenTsunamiwarnung fir Inselstaat Vanuatu opgehuewen

RTL mat AFP
E Samschdeg war et no zwee Äerdbiewen eng Warnung virun Tsunamien, déi awer opgehuewe konnt ginn.
Op de Plagë vum klengen Inselstaat ass et zum Gléck roueg bliwwen nom duebelen Äerdbiewen.
Op de Plagë vum klengen Inselstaat ass et zum Gléck roueg bliwwen nom duebelen Äerdbiewen.
© CHRIS MCCALL/AFP

Ronderëm den Inselstaat Vanuatu ass et e Samschdeg zweemol zu Äerdbiewe komm. Déi éischt Kéier si 6,9 Punkten op der Richterskala gemooss ginn, beim zweete Coup net laang duerno waren et 6,3 Punkten.

Doropshin hat den Tsunami-Warn-Zenter PTWC, deen op Hawaii stationéiert ass, eng Warnung erausginn, déi mëttlerweil awer rëm konnt opgehuewe ginn. Déi zwee Biewe waren am Pazifik, ronn 190 Kilometer vun der Haaptstad Port Vila ewech, gemooss ginn.

Den Inselstaat Vanuatu am Südpazifik, an deem ronn 320.000 Mënsche liewen, läit um sougenannte "Feierrank vum Pazifik", an engem Beräich, an deem et heefeg zu Äerdbiewe kënnt. Am Dezember 2024 ware bei engem staarke Biewen op d'mannst 14 Persounen ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO