PhilippinnenÜbungen a Schoule solle Schüler op Amokleef preparéieren

RTL mat AFP
Op de Philippinnen hu Schüler landeswäit un Übungen deelgeholl, déi se viru potenziellen Amokleef schütze sollen. Dëst als Reaktioun op zwou esou Schéissereien, déi et déi lescht Méint a Schoulen um Inselstaat gouf an insgesamt 5 Mënschen d'Liewe kascht hunn.

An engem Lycée am Norde vun der Haaptstad Manila hu sech beispillsweis ronn 3.000 Schüler an hire Klassesäll mat Dëscher a Still verbarrikadéiert a sech ënnert hire Pulter verstoppt, ier Rettungskräft op d'Platz koumen. Un der Übung, déi ronn 12 Minutte gedauert huet, ware Policeunitéiten, Secouristen, Schoulpersonal an och Eltere bedeelegt.

Den Autoritéiten no sollen d'Übungen de Schüler dobäi hëllefen, Geforen z'erkennen a séier op dës ze reagéieren. Kritiker gesinn allerdéngs och de Probleem, datt de Kanner domadder kéint onnéideg Angscht gemaach ginn. Schoulamokleef sinn op de Philippinnen éischter seelen, wougéint politesch motivéiert Waffegewalt méi heefeg virkënnt. Et gëtt geschat, datt bis zu 4 Millioune Philippinner Besëtzer vu Schosswaffe sinn, souwuel legal wéi och illegal.

Back to Top
CIM LOGO