Prozess ëm Sprengung vun Nord-Stream-PipelinenUgekloten Ukrainer behaapt, net aussoen ze dierfen

AFP, iwwersat vun RTL
De Serhii K. kritt reprochéiert, d'Sprengung vun Nord Stream mat geplangt ze hunn.
Dës Foto vun de schweedesche Gardes côte weist, wéi no der Sprengung Gas an der Ostséi opsteigt.
Dës Foto vun de schweedesche Gardes côte weist, wéi no der Sprengung Gas an der Ostséi opsteigt.
© HANDOUT/AFP

E Mëttwoch ass zu Hamburg de Prozess ëm d'Sprengung vum dem Nord-Stream-Pipelinen. Den Ugekloten Serhii K., e fréieren Offizéier vun der ukrainescher Arméi wëll sech bis op Weideres net zu der Saach äusseren. Dat sot säin Affekot Jes Meyer-Lohkamp géigeniwwer dem däitsche Magasin "Stern".

Den Affekot huet ausserdeem annoncéiert, dass hie virum Oberlandesgericht zu Hamburg eng Motioun géif areechen, fir de Prozess ze stoppen. Säi Mandant kéint an der Saach nämlech iwwerhaapt net aussoen an hätt domat och keng Méiglechkeet, fir sech wierksam ze verdeedegen.

Hannergrond ass eng Ausso, déi dem K. säi fréiere Kommandant Roman Tscherwinskyj am Fréijoer 2022 ënner Eed virun den däitschen Autoritéite gemaach huet. Den Tscherwinskyj soll d'Sabotage-Aktioun un der Pipeline decisiv virugedriwwen hunn. Dem "Stern" no soll hie géigeniwwer den Autoritéite gesot hunn, dass de K. zum Zäitpunkt vun der Attack Member vun enger Militäreenheet gewiescht wier, déi geheim operéiert hätt. Hien dierft deemno och viru Geriicht net iwwer dat schwätzen, wat hie fir dës Eehnheet gemaach oder net gemaach huet. Wann hien awer géif schwätzen, géing hien an der Ukrain eng Prisongsstrof vun e puer Joer riskéieren.

De Serhii K. selwer soll esouguer géigeniwwer senge Verdeedeger näischt zu de Reprochë géint sech gesot hunn. Engem vun hinne soll hie gesot hunn: "Ech kann Iech net soen, wat ech gemaach hunn – awer wat ech gemaach hunn, hunn ech op Befeel hi gemaach."

De K. gouf zejoert an Italien verhaft. Den däitsche Parquet reprochéiert him, d'Attack op Nord Stream zesumme mat anere Membere vum ukrainesche Militär geplangt ze hunn. Hie soll och d'Eenheet kommandéiert hunn, déi d'Pipelinen an der Ostséi am September 2022 gesprengt huet.

Back to Top
CIM LOGO