Nächst Ronn an AussiichtUkrain-Gespréicher zu Abu Dhabi eriwwer - Selenskyj schwätzt vu "konstruktiver" Atmosphär

AFP, iwwersat vun RTL
Trotz de schwéiere russeschen Loftattacken op d'Ukrain, schéngen d'Gespréicher tëscht béide Länner "konstruktiv" gewiescht ze sinn.
© Foto von - / UAE PRESIDENTIAL COURT / AFP

Obwuel et nees nei en hefteg russesch Attacken op d’Ukrain gouf, gouf et zu Abu Dhabi déi éischt direkt Gespréicher tëscht der Ukrain, Russland an den USA, fir de Krich op en Enn ze bréngen. “Et gouf vill diskutéiert an et ass wichteg, datt d’Gespréicher konstruktiv waren”, esou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op X. Méiglecherweis wier en nächst Treffe schonn déi nächst Woch.

Et sinn déi éischt Berodunge vu Vertrieder aus den dräi Länner iwwer den US-Friddensplang fir d’Ukrain. Viraussetzung fir weider Treffen an der nächster Woch wier awer “d’Bereetschaft, weiderzemaachen”, esou de Selenskyj weider, deen och ganz formell schreift: “D’Ukrain ass bereet”.

Och aus den Vereenegten Arabeschen Emirater ass ze héieren, datt d’Gespréicher an enger “konstruktiver a positiver Atmosphär” waren. Fir déi nächste Woch wier eng weider Gespréichsronn zu Dräi decidéiert ginn, esou nach d’Meldung aus Abu Dhabi.

Kuerz virum Optakt vun de Verhandlungen hat Russland seng Maximalfuerderung nach eng Kéier bekräftegt, deemno sech déi ukrainesch Arméi aus dem kompletten Donbass zeréckzéie misst, dorënner och déi Terrainen, déi Russland net kontrolléiert. D’Ukrain huet dëst bis ewell kategoresch ofgeleent.

De Rustem Umerov, deen d’Gespréicher fir d’Ukrain leet, hat no dem éischte Verhandlungsdag e Freideg erkläert, d’Gespréicher zu Abu Dhabi konzentréiere sech op “d’Parametere, wéi de russesche Krich kéint op en Enn kommen, esou wéi weider Logike vum Verhandlungsprozess”.

E Samschdeg hat den ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha dem russesche President Waldimir Putin virgeworf, mat de rezenten Attacken an der Nuecht d’Verhandlunge sabotéieren ze wëllen. Dës Attacke wieren e weidert Beispill fir de “russeschen Terror”. De Putin hätt dës Attacken “zynescherweis” ordonéiert, ouni op d’Gespréicher zu Abu Dhabi ze kucken. Domadder hätt hien och “de Verhandlungsdësch getraff”.

Den ukrainesche Staatschef Selenskyj hat op X vun “370 Dronen an 21 Rakéite vu verschiddenen Typpen” geschriwwen, mat deene Russland säi Land attackéiert huet. Zu Kiew an Ëmgéigend wiere besonnesch Energieinfrastrukturen attackéiert ginn. Betraff wieren doriwwer eraus d’Regioune Sumy, Charkiw an Tschernihiw. De Selenskyj huet vun engem “Doudesaffer” an “Dosende Verletzen”, dorënner och ee Kand, geschwat. Eleng an der Haaptstadregioun Kiew an an der zweetgréisster Stad Charkiw goufen de leschten Zuele vun den Autoritéiten no 27 Leit verletzt an eng Persoun wier ëm d’Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO