
Et hätt e praktesch keng intakt Heiz-Kraaftwierker méi, sot den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj e Samschdeg um Bord vu senger Visitt a Serbien mat Bléck op de Wanter. Mam serbesche President Aleksandar Vucic hätt hien iwwer "Erausfuerderunge geschwat, virun deenen d'Ukrain an dësem Wanter stoe wäert.
Heiz-Kraaftwierker, déi Stroum duerch d'Verbrenne vu Brennstoffer wéi Kuel oder Gas produzéieren, sinn ëmmer nees Zil vu russesche Rakéiten, fir "d'Liewe vun den Ukrainer schwéier ze maachen", sot de Selenskyj.
Et ass iwwerdeems déi éischt offiziell Visitt vum ukrainesche President a Serbien zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich. Um Programm stoung och eng Entrevue mam serbesche President Aleksandar Vucic am Presidentepalais. Serbien ass zwar traditionell enk mat Russland verbonnen an dréit och d'EU-Sanktioune géint Russland net mat. Déi zwee Presidenten hunn awer scho virun hirer Entrevue ugekënnegt an Zukunft wëlle méi enk am Energieberäich zesummenzeschaffen.
Donieft huet Belgrad d'Ukrain och mat ziviller Hëllef ënnerstëtzt. En héichrangegen ukrainesche Regierungsvertrieder hat der AFP virun der Rees gesot, datt Kiew "d'Serbe vun der Säit vu Russland ewechzéie" wéilt.