Resolutioun eestëmmeg ugehollUN fuerdere Mesurë géint Hausse vu Mieresspigel

AFP, iwwersat vun RTL
Fir vill Staaten ass d'Hausse vum Mieresspigel eng Gefor. D'Vereenten Natioune fuerderen dowéinst Mesurë vun de Memberlänner.
This picture taken on September 4, 2026, shows an aerial view of the small islands off the coast of Koror, the capital of Palau, scattered across the turquoise waters of the Pacific Ocean.
Vill Insele vu Palau sinn duerch de Mieresspigel, deen ëmmer méi klëmmt, menacéiert.
© AFP

D'UN-Vollversammlung huet eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, an där verschidde Mesurë géint d'Hausse vum Mieresspigel gefuerdert gëtt. "Mir dierfen net zouloossen, datt Länner a Kulturen an de Fluten ënnerginn oder dass d'Hoffnunge vu Milliarde Leit am Waasser stierwen", sot den UN-Generalsekretär António Guterres virum Vott en Donneschdeg zu New York.

De Mieresspigel war 2024 am weltwäiten Duerchschnëtt ëm bal sechs Millimeter geklommen - esou staark wéi nach ni zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen. Zréckzeféieren ass dat virun allem op d'Erwiermung vun de Mierer duerch de Klimawandel, well méi waarmt Waasser ëmmer méi Raum anhëlt, an op d'Schmëlze vum Äis a Gletscheren.

Virun allem fir Inselstaaten, déi déif leien, ass d'Hausse vum Mieresspigel eng existenziell Menace. Eng Hausse vun engem Zentimeter féiert zu engem Réckgang vun de Küste vun engem Meter an och d'Gefor vu Fluten hëlt massiv zou. "Fir Staaten, déi duerch den Ozean ronderëm eis bestëmmt sinn, wäert d'Hausse vum Mieresspigel d'Liewe veränneren", sot de President Surangel Whipps Jr. vu Palau, dee fir eng Koalitioun vun e puer Inselstaate geschwat huet. D'Resolutioun huet hien als "richtegen Acquis" bezeechent.

D'Resolutioun rifft d'UN-Memberstaaten op, hir Zäregasemissioune massiv erofzekréien a méi finanziell Mëttele fir menacéiert Länner bereetzestellen, fir datt dës sech un de Klimawandel upasse kënnen. Konkreet ginn domat och vëlkerrechtlech Froe gekläert, fir datt e Staat, deen am Mier ënnergeet, seng Staatlechkeet behält.

Back to Top
CIM LOGO