"Rücksichtslos Ugrëff"UN-Sécherheetsrot verurteelt Huthi-Attacken op Saudi-Arabien

RTL mat AFP
Déi 15 Memberstaate vum wichtegste Gremium vun de Vereenten Natiounen hunn an enger gemeinsamer Erklärung d'Virgoe vun der Miliz verurteelt.
Den UN-Sécherheetsrot huet d'Virgoe vun der Huthi-Miliz verurteelt.
Den UN-Sécherheetsrot huet d'Virgoe vun der Huthi-Miliz verurteelt.
© MOHAMMED HUWAIS/AFP

D'Ugrëff vun der pro-iranescher Huthi-Miliz am Jemen géint Saudi-Arabien ginn ëmmer méi heefeg. Den UN-Sécherheetsrot huet d'Attacken op de Fluchhafe vun der saudescher Haaptstad Riad als "rücksichtlos" bezeechent a schaarf verurteelt.

De Gremium, deen zu New York sëtzt, huet och d'Ugrëffer op d'Handelsschëfffaart am Roude Mier an an der Enkt vu Bab al-Mandab kritiséiert. Gläichzäiteg huet de Sécherheetsrot dem Kinnekräich Saudi-Arabien säi Recht op Selbstverdeedegung am Aklang mat dem Vëlkerrecht ervirgehuewen.

D'Huthi-Miliz kontrolléiert zanter Jore wäit Deeler vum Jemen, dorënner och d'Haaptstad Sanaa. D'jemenittesch Regierung hat sech dowéinst 2015 an d'Stad Aden zréckgezunn. Zanter Ufank des Mounts huet déi vun Teheran ënnerstëtzt Miliz den internationale Fluchhafe vu Riad 20 mol ugegraff. Bei enger vun den Attacken sinn d'lescht 13 Mënschen ëm d'Liewe komm a ronn 300 blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO