
Dat hunn RTL an ntv en Dënschdeg den Owend mat Recours op Verhandlungskreesser gemellt. Eng Spëtzeronn hätt en Dënschdeg den Owend e Grondsazaccord erreecht. Elo géing et just nach ëm Detailer goen, dofir gouf nach eng Reunioun um Mëttwoch de Moie festgeluecht. CDU, CSU an SPD wëlle e Mëttwoch de Mëtteg iwwer d’Resultater informéieren. Virun allem Finanzfroe wéi eng Steierreform oder Kierzungen am Budget hu bis zulescht als schwiereg erwisen.
Schonn am Laf vum Dag hate Politiker vu béide Säite géintiwwer der Press ze verstoe ginn, datt ee kuerz virun engem Duerchbroch géing stoen. Virun allem den amerikaneschen Handelskrich hat den Drock erhéicht, séier eng handlungsfäeg Regierung op d’Been ze stellen.
Mam Koalitiounsaccord kann de CDU-Chef Merz säin Zäitplang - nach virun Ouschteren eng Eenegung ze fannen - anhalen. Am Gespréich ass antëscht de 6. Mee als Datum fir seng Wal zum Kanzler am Bundestag.
Eng Belaaschtung fir d’Allianz aus Unioun an SPD kéint sinn, datt d’Vertraue vun den SPD-Wieler an de Merz als Kanzler wuel relativ geréng ass.