Weiderhin op fräiwëlleger BasisUnioun an SPD solle sech iwwer Modell fir Militärdéngscht gëeenegt hunn

RTL Lëtzebuerg
Och wann nach net all d'Detailer bekannt sinn, solle sech däitsch Politiker op en neie Modell fir de Militärdéngscht gëeenegt hunn.
© Photo by BERND VON JUTRCZENKA / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

An Däitschland hunn Unioun an SPD sech no laangem Sträit op e gemeinsame Modell fir den neie Militärdéngscht gëeenegt. Dat ass spéit e Mëttwoch den Owend aus Kreesser vun de Koalitiounsfraktiounen un d’Noriichtenagence AFP zu Berlin erugedroe ginn.

Wéi d’Fraktiounscheffe vun Union an SPD en Donneschdeg de Moien zu Berlin matgedeelt hunn, géing d’Koalitioun virop weider op Fräiwëllegkeet beim Militärdéngscht setzen. Trotzdeem huet de Jens Spahn betount, datt et an Zukunft och eng Verflichtung kéint ginn - dozou wier awer eng nei gesetzlech Reegelung néideg. Et wéilt een, “datt Däitschland sech verdeedege kann, well et sech verdeedege kënne muss”, sou de Jens Spahn weider.

D’Eenegung ass AFP-Informatiounen no an Diskussioune vum Bundesverdeedegungsminister Boris Pistorius (SPD) mat Vertrieder vun de Koalitiounsfraktiounen zustane komm. Un der Reunioun hunn déi zwee Fraktiounscheffe Jens Spahn (CDU) a Matthias Miersch (SPD) souwéi Verdeedegungsexperten aus béide Fraktiounen deelgeholl.

Wéi d’Bild-Zeitung e Mëttwochowend gemellt huet, gesäit den neie Modell d’Musterung vu komplette Joergäng vu jonke Männer vir – fir dëse Modell gouf et an de leschten Deeg scho grouss Ënnerstëtzung vu Koalitiounspolitiker. An engem zweete Schratt soll dann, falls sech net genuch Fräiwëlleger fir den Déngscht mellen, per Lous festgeluecht ginn, wie bei d’Bundeswehr muss.

De Boris Pistorius hat a sengem urspréngleche Gesetzesentworf fir den neie Militärdéngscht éischter staark op Fräiwëlleger gesat, fir de Rekrutement bei der Bundeswehr eropzeschrauwen. D’Unioun hat sech allerdéngs fir en Automatismus ausgeschwat, falls sech net genuch Fräiwëlleger géinge mellen.

Back to Top
CIM LOGO