
Den Ausstouss vum klimaschiedleche Gas Methan gëtt der UNO no a méi wéi der Hallschent vun der weltwäiter Gas- an Uelegproduktioun net "glafwierdeg" gemooss. Dat geet aus engem Rapport vum Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen (Unep) ervir, deen op Donnéeë vun 43 Prozent vun de weltwäite Produktioune baséiert.
Trotz Efforten a Fortschrëtter beim Erfaasse vun den Emissioune wier eng "vollstänneg Participatioun" vun de Konzerner néideg, heescht et am Dossier. Ouni déi Donnéeë wier et net méiglech, déi "schlëmmsten Auswierkunge vun der Äerderwiermung" ze verhënneren, esou de Responsabele vum Unep-Büro fir Klimawandel Martin Krause.
Am Juni hat den UN-Generalsekretär António Guterres scho gefuerdert, méi staark géint d'Emissioune vu Methan virzegoen. Dëse Gas géing vill méi zum Klimawandel bäidroe wéi zum Beispill de Kuelendioxid. D'Emissioune géinge virun allem op d'Landwirtschaft zréckgoen, d'Energiewirtschaft kéim un zweeter Stell.