
Méi wéi en halleft Joer nom Enn vum Prozess ass d'Urteel géint de fréieren däitsche Bundestagsdeputéierten Hartmut Ebbing wéinst sexuellem Mëssbrauch vun engem Kand elo rechtskräfteg. De Bundesgeriichtshaff (BGH) huet seng Revisioun als onbegrënnt verworf, esou d'Landesgeriicht Braunschweig e Mëttwoch. D'Geriicht hat de Mann am Mäerz zu zwee Joer an zéng Méint Prisong verurteelt.
D'Dot soll am Hierscht 2021 geschitt sinn. De Beschëllegte war deemools nach Member vum Bundestag. An d'Prisongsstrof ass och eng fréier Verurteelung mat agefloss. De Parquet huet et als erwisen ugesinn, datt hie bei engem Besuch d'Kand vun enger Kënneger sexuell mëssbraucht hat. D'Fra stoung am selwechte Prozess mat viru Geriicht.
Déi zwee hate sech iwwer en Datingportal kennegeléiert. D'Fra gouf ënner anerem wéinst der Produktioun an dem Weidergi vu kannerpornografeschem Material an dräi Fäll zu engem Joer a sechs Méint Prisong op Sursis verurteelt.
Dem Verdikt no hat si hiert eegent Kand mëssbraucht an dem fréieren Deputéierte Fotoen dovu geschéckt. Och hir Revisioun gouf vum Bundesgeriichtshaff verworf.
Domat sinn d'Urteeler géint béid Ugekloten definitiv a rechtskräfteg.