"Paus" bei Liwwerung vu GeheimdéngschtinformatiounenUS-Ausseminister Rubio weist Reprochë vum ukrainesche President Selenskyj zeréck

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio huet Reprochë vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj zeréckgewisen, bei der Liwwerung vun US-Geheimdéngschtinformatiounen un d'Ukrain hätt et eng Ënnerbriechung ginn.
US-Außenminister Marco Rubio hat Angaben des ukrainischen Präsidenten Wolodymyr Selenskyj über eine zeitweilige Unterbrechung der Lieferung von US-Geheimdienstinformationen an Kiew zurückgewiesen. Es habe keine "Pause" gegeben, sagte Rubio.
Den US-Ausseminister Rubio huet den ukrainesche President Selenskyj opgefuerdert, sech drop ze konzentréieren, de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen.
© POOL/AFP

Et hätt keng "Paus" beim Weidergi vun Informatioune ginn, esou de Rubio e Méindeg virun der Press am Kader vun enger Visitt am Usbekistan. Gläichzäiteg huet en den ukrainesche President Selenskyj opgefuerdert, sech op en Enn vum Krich mat Russland ze konzentréieren.

"Wourop hie sech konzentréiere sollt a wourop mir eis konzentréiere wëllen, ass, dëse Krich op en Enn ze bréngen", esou de Rubio. De Selenskyj hat e Sonndeg erkläert, datt d'USA no enger Ënnerbriechung vun e puer Deeg nees Geheimdéngschtinformatiounen u Kiew liwweren. "Et war blockéiert fir eng Zäit. An du gouf et nees vun US-Säit deblockéiert", esou den ukrainesche President an engem Interview mam Sender NBC. Déi ukrainesch Arméi hätt "dräi Deeg laang" wärend russeschen Ugrëff mat ballistesche Rakéite keen Zougrëff op US-Geheimdéngschtinfoe gehat, wat säi Land geschwächt hätt. "Elo funktionéiert et nees", sou de Selenskyj.

D'Äusserunge falen an enger Phas vu wuessenden Tensiounen tëscht Washington a Kiew. Den US-President Trump hat e Freideg schonn decidéiert Sanktioune géint Russland nees ausgesat, kuerz ier dës hätte solle Kraaft trieden. E Sonndeg huet den US-President seng Decisioun zum Deel och géint Kritik aus den eegene republikanesche Reie verdeedegt. Hie wéilt "näischt maachen, wat Russland vum Verhandlungsdësch ewechbrénge kéint".

Back to Top
CIM LOGO