No Cambridge-Analytica-SkandalUS-Geriicht huet Meta zu Strof vu 25 Milliarden Dollar verurteelt

RTL mat AFP
E Geriicht am US-Bundesstaat New Mexico huet d'Mammenhaus vu Facebook wéinst dem Dateschutz-Skandal ronderëm d'Analysëfirma verurteelt.
© JUSTIN SULLIVAN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Gutt aacht Joer nom Cambridge-Analytica-Skandal ëm de Mëssbrauch vun Donnéeë vu Facebook-Useren ass d'Mammenhaus zu Santa Fe am US-Bundesstaat New Mexico zu enger Geldstrof vu 25 Milliarden Dollar verurteelt ginn. US-amerikanesche Medien no wéilt Meta d'Urteel ufechten.

E Geriicht hat d'Haus am September schëlleg gesprach, Useren iwwert de Schutz vun hiren Datë getäuscht ze hunn. De Jury hat dem Mark Zuckerberg seng Firma fir schëlleg befonnt, well Meta net richteg matgedeelt hat, wéi an a wéi enger Form perséinlech Donnéeën un Drëtter weidergi ginn.

D'Affär ronderëm déi brittesch Beroderfirma Cambridge Analytica, déi et mëttlerweil net méi gëtt, war am Fréijoer 2018 bekannt ginn. D'Firma hat Datë vu 87 Milliounen Notzer ausgewäert, ouni dofir hiren Accord ze froen. Ënnert anerem dem Donald Trump seng Wal-Ekipp hat 2016 dorop zréckgegraff, fir d'Presidentiellen ze beaflossen. Och am Brexit-Referendum dat selwecht Joer haten déi Donnéeën eng Roll gespillt.

D'Strof kënnt eng Rei Méint, nodeems Meta mat 48 anere Staate sech gëeenegt hat duerch d'Bezuele vun 18 Milliarden Dollar. 2021 war New Mexico viru Geriicht gaangen, well et zousätzlech ëm d'Meenungsfräiheet op der Plattform goung. Schonn 2019 hat Meta eng Geldbouss vu 5 Milliarden Dollar bezuelt.

Back to Top
CIM LOGO