
Kuerz virun de Midterms am US-Kongress den 3. November suerge gefälschte Meenungsëmfroe fir Onrou. De selwer ernannten Institut Wedgewood Polls huet zouginn, dass seng Zuele gréisstendeels fräi erfonnt waren. D'New York Times an aner Medien hunn d'Donnéeën doropshi vun hiren Internetsäite geläscht. De President Donald Trump huet op de Soziale Medie mam Fanger gewisen.
Ugangs der Woch war de Fall un d'Liicht komm, wéi dem Déngscht fir Ëmfroe FiftyPlusOne Onstëmmegkeeten opgefall waren. Doropshin hat Wedgewood erkläert, déi meescht vun hiren Datë wieren erfonnt. Si hätte wëllen testen, wéi liicht et "fir eng komplett erfonnte Boîte" wier, "Fouss ze faassen" an "eescht geholl" ze ginn.
Wie genee hannert dem "sozialen Experiment" stécht, ass net kloer. De Kont op X ass mëttlerweil geläscht ginn. Am August war schonn eng aner Entreprise mam Numm Median Strategies mat gefälschte Wäerter opgeflunn. D'Politik, virop d'Demokraten, soe sech entsat.
Bei der US-amerikanescher Medienautoritéit FCC schwätzt ee vu méi där Fäll a leschter Zäit. De President, deen déi Virsëtzend vun der Autoritéit ernannt hat, deelt schonn zanter Woche seng Zweiwel un Ëmfroen. Déi meescht Instituter gesi fir d'Republikaner eng grouss Néierlag bei de Midterms viraus.
Mannerwäerteg Ëmfroe wieren ëmmer méi einfach duerchzeféieren, sou FiftyPlusOne, déi nach aner Fall opgedeckt hunn. De Verband vun den US-Instituter fir Ëmfroen AAPOR huet virun engem allgemenge Vertrauensverloscht a Meenungs- a Walëmfroe gewarnt. Och KI géif d'Fälschen ëmmer méi einfach maachen.