Soll Milliardenzommen abréngenUS-President Trump annoncéiert "gréisste Pëtrolsaccord an der Weltgeschicht" mat Venezuela

AFP, iwwersat vun RTL
Nom US-President Trump an der Nuecht op e Samschdeg Lokalzäit, confirméiert elo och Venezuela ee Pëtrolsaccord.
US-Präsident Donald Trump hat ein bedeutendes Öl-Abkommen mit Venezuela verkündet.
US-Präsident Donald Trump hat ein bedeutendes Öl-Abkommen mit Venezuela verkündet.
© AFP/Archiv

Wéi een et vum Donald Trump gewinnt ass, huet hie vum "gréisste Pëtrolsaccord an der Weltgeschicht" geschwat. Konkret hätten d'USA duerch den Accord majoritär d'Kontroll iwwer 65 Milliarde Barrel Pëtrolsreserven aus dem Venezuela. D'Reserve vun de Vereenegte Staate géinge sech domat verduebelen, huet den Donald Trump an de soziale Medien ënnerstrach. Fir Venezuela géinge beim Deal iwwerdeems privat Investitiounen an Héicht vu bal 100 Milliarden Dollar eraussprangen, huet den US-Ausseminister Marco Rubio betount. Fir dat südamerikanescht Land géif dat no jorelaanger Wirtschaftskris "dausende gutt bezuelten Jobs" bedeiten a géing hëllefen, "d'venezuelanesch Wirtschaft nees opzebauen".

Den US-Ausseminister Marco Rubio an de Verdeedegungsminister Pete Hegseth hunn den Accord "an direkter Zesummenaarbecht" mam venezuelaneschen Iwwergangspresident Delcy Rodríguez zustane bruecht, sou den Trump. Virgesinn, ass eng Partnerschaft mat private Firmen. Fir den US-Steierzueler entstinn doduerch keng Käschten.

Den US-President wëll mat dësem Accord bei de Wieler punkte virun de Kongress-Tëschewalen am November. Duerch de Krich géint den Iran hat den Trump an Ëmfroe jo manner gutt ofgeschnidden.

Fir d'USA bedeit den Deal vill Virdeeler am Hibléck op stabel Energiereserven an niddereg Energiepräisser. Déi strategesch Pëtrolsreserve vun den USA sinn der US-Energieagence EIA no den Ament um nidderegsten Niveau zanter November 1982. D'US-Regierung ass beméit, d'Liwwerprobleemer a Präishaussen duerch den Iran-Krich auszegläichen.

Mat méi wéi 303 Milliarde Barrel verfüügt Venezuela iwwert déi gréisste bekannte Pëtrolsreserve weltwäit. Donieft besëtzt d'Land riseg Äerdgasvirkommen. No enger jorelaanger Wirtschaftskris huet Venezuela awer grouss Problemer, dës Ressourcen z'exploitéieren a Profit draus ze schloen.

Back to Top
CIM LOGO