A Catering-Won geschleist?US-President Trump soll no NATO-Sommet zu Ankara heemlech de Fliger gewiesselt hunn

AFP, iwwersat vun RTL
Engem Bericht vun der "Washington Post" no soll den Donald Trump nom NATO-Sommet an der tierkescher Haaptstad heemlech de Fliger gewiesselt a mat enger méi klenger Maschinn ofgereest sinn.
US-Präsident Donald Trump hat einem Zeitungsbericht zufolge nach dem Nato-Gipfel in Ankara heimlich das Flugzeug gewechselt und ist mit einer kleineren Maschine abgereist als bisher gedacht. Grund dafür sei eine Morddrohung aus dem Iran gewesen.
© AFP/Archiv

Grond wiere Mordmenacen aus dem Iran gewiescht. Fir den heemleche Wiessel vun der Maschinn, soll den US-President fir d'éischt an eng al Air-Force-One-Maschinn an duerno an de Container vun engem Catering-Won geklomme sinn, deen nieft dem Fliger ugedockt war. Mat Hëllef vum Won wier den Trump dunn an eng méi kleng C-32A-Maschinn bruecht ginn a mat dëser och ofgereest. Medien- an och Regierungsvertrieder, déi och u Bord vum Presidentefliger waren, wossten deemno net Bescheed, datt den US-President net mat hinne mat geflu wier.

D'Ofrees vum Donald Trump vum NATO-Sommet hat scho virdru fir Schlagzeile gesuergt: De President war an d'Tierkei u Bord vu senger neier Luxusmaschinn geflunn, déi e vum Katar als Kaddo geschenkt krut. Fir de Retour huet en dës iwwerraschenderweis awer net genotzt, Medieberichter no wéinst enger Menace aus dem Iran. Bis ewell hat et geheescht, den Trump wier mat enger aler Air-Force-One-Maschinn vun Ankara a Groussbritannien geflunn a vun do aus mat deem vum Katar geschenkte Fliger weider an d'USA. Der Washington Post no wier dat awer net de Fall gewiescht, de President wier a Wierklechkeet wéi gesot mat enger méi klenger C-32A-Maschinn aus Ankara ofgereest.

Back to Top
CIM LOGO