Huet hir Kanner ëmbruechtUS-Prozess géint Lindsay Clancy ënnerbrach, Jury ass oneens

AFP
De spektakuläre Prozess géint d'Kannermäerderin Lindsay Clancy an den USA huet missen ënnerbrach ginn. De Jury konnt sech net op ee Scholdsproch eenegen.
© GREG DERR/AFP

De Riichter William Sullivan zu Plymouth am US-Bundesstaat Massachusetts huet festgestallt, dass de Jury sech net eens wier, wat d'Scholdfäegkeet vun der 36 Joer aler Ugekloter betrëfft. A leschter Minutt huet d'Appellsgeriicht eng Demande vun der Verdeedegung zeréckgewisen, ee Jury-Member auszetauschen. Hien hat no enger Woch den eelef anere Jury-Memberen nach ëmmer net zougestëmmt, déi d'Ugeklote fir scholdonfäeg erkläre wollten.

Ouni eng Eestëmmegkeet, bleift dem Riichter näischt aneres iwwreg wéi de Prozess z'ënnerbriechen.

De Parquet reprochéiert dem Lindsay Clancy hir dräi Kanner kalbliddeg ermort ze hunn. Der Verdeedegung no hat si no der Schwangerschaft awer eng postpartale Psychose entwéckelt a wier domat net scholdfäeg. Et handelt sech dobäi ëm ee schwéieren Depressiounszoustand mat all de Symptomer vun enger Psychose, deen an den éischte sechs Wochen nom Accouchement optriede kann.

Déi fréier Infirmière hat zouginn, hir Kanner, den aacht Méint ale Callan, den dräi Joer alen Dawson an déi fënnef Joer al Cora, am Januar erwiergt ze hunn. Dono wier si aus der Fënster aus dem zweete Stack vun hirem Haus zu Duxbury südëstlech vu Boston gesprongen. D'Fra ass zanterhier geläämt a sëtzt am Rollstull.

Trotz dem Geständnes plädéiert déi Ugekloten op net schëlleg. Si huet ausgesot, eng Stëmm hätt hir ordonéiert, hir Kanner ëmzebréngen. Fir déi genee Ëmstänn vun der Dot ze klären, hat d'Geriicht an de leschte fënnef Wochen iwwer 80 Zeie gehéiert. De Prozess, dee live iwwerdroe gëtt, hat an den USA fir Schlagzeile gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO