Un e PromoteurUS-Regierung wëll en Deel vum Yosemite-Park verkafen

AFP, iwwersat vun RTL
D'Regierung vum US-President Trump préift engem Mediebericht no zanter méi wéi engem Joer d'Méiglechkeet, e klengt Stéck Land vum Yosemite-Nationalpark ze verkafen.
Die Regierung von US-Präsident Donald Trump prüft einem Medienbericht zufolge bereits seit mehr als einem Jahr die Möglichkeit, ein kleines Stück Land des Yosemite-Nationalparks an ein privates Immobilienunternehmen zu verkaufen.
Et geet ëm eng Sträif, déi 400 Meter breet ass. 
© AFP/Archiv

D'US-Regierung hätt e puer Optiounen ofgewien, eng Sträif vun ongeféier 400 Meter Sträif vum weltbekannte kaliforneschen Nationalpark ze verkafen, sou de Bericht vun der US-Noriichtewebsäit Notus e Freideg. Dëst Land soll un de private Promoteur Jeff Pori verkaaft ginn, de Chef vu Kingsbarn Realty Capital, deen en Trump-Supporter soll sinn. Hie besëtzt schonn zanter 2024 en 35 Hektar groussen Terrain um Bord vum Yosemite-Park a géing duerch dësen Deal e privilegiéierten Accès kréien. 

D'Autoritéit, déi de Park geréiert, soll am Géigenzuch en Terrain iergendwou anescht a Kalifornien kréien. 

De Verband fir de Schutz vun Nationalparken an den USA (NPCA) kritiséiert d'Pläng. De geplangte "geheimniskréimeresche Hannerzëmmer-Deal" wier en "Ugrëff op dat amerikanescht Vollek, deem den Nationalpark gehéiert", sou de fir d'Gebitt zoustännegen NPCA-Vertrieder Mark Rose. D'Gewerkschaft vun de Beschäftegte vum Yosemite-Nationalpark hu sech entsat gewisen, dass "ëffentlecht Land fir privat Interessie geaffert" gëtt. Dat wier "anti-ethesch".

De Yosemite-Nationalpark ass international fir seng Granitfielsen, seng Gletscher, Séien, Mammutbeem a seng Déierewelt bekannt.

Back to Top
CIM LOGO