Bekannt aus "Breaking Bad"US-Schauspiller RJ Mitte am Alter vu 34 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Bekannt gouf den RJ Mitte duerch déi renomméiert Serie "Breaking Bad". Elo ass hien am Alter vu 34 Joer gestuerwen.
Der vor allem durch die preisgekrönte Fernsehserie "Breaking Bad" bekannt gewordene Schauspieler RJ Mitte ist tot. Er starb im Alter von 34 Jahren, wie die Vertreter des Schauspielers der Nachrichtenagentur AFP mitteilten.
Den RJ Mitte huet un enger Paralysie cérébrale gelidden.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP/Archiv

Vertrieder vum Schauspiller hu säin Doud e Méindeg der Noriichtenagence AFP géigeniwwer confirméiert. Doudesursaach gouf bis ewell nach net matgedeelt. Et ass allerdéngs gewosst, datt hie mat enger Paralysie cérébrale ("Cerebral palsy") gelieft huet, enger Krankheet, déi Beweegungsschwieregkeeten ausléist an op eng Gehierschiedegung zeréckgeet.

Als Jugendlechen hat hie Mëtt 2008 säin éischten Optrëtt als Walter White Jr. a "Breaking Bad", de Jong vun engem Chimiesproff a spéideren Drogeboss Walter White.

Duerch seng eegen Erfarunge mat der Paralysie cérébrale huet de Mitte "senger Roll Authentizitéit ginn an huet eng Plattform fir d'Bewosstsi fir Behënnerungen an Inclusioun" geschaaft, huet et an enger Erklärung geheescht.

"Breaking Bad" ass tëscht 2008 an 2013 iwwer fënnef Staffele gelaf a gëtt och haut nach als exzeptionell Serie gefeiert. D'New York Times huet "Breaking Bad" an engem Ranking als bescht Serie vum 21 Joerhonnert bezeechent.

Back to Top
CIM LOGO