
Den Todd Blanche gouf vum US-Senat als neie Justizminister confirméiert. Wann och nëmme knapp. Nämlech mat 50 zu 49 Stëmmen. Den Todd Blanche ass de fréieren Affekot vum US-President Trump an deemno net onëmstridden. Kritiker, dorënner och Republikaner, zweiwelen um Todd Blanche senger Onofhängegkeet.
D'Demokrate reprochéieren dem President, de Justizministère als Waff géint politesch Feinden anzesetzen. De Justizminister "sollt eigentlech den Affekot vum Vollek sinn", sot de Senateur Dick Durbin, ranghéchsten Demokrat am Justizkommitee vum Kongress, en Dënschdeg. De Blanche awer géing sech "weiderhi wéi de perséinlechen Affekot vum President behuelen an de Justizministère wéi eng Affekotenetüd behandelen, déi nëmmen ee Client vertrëtt: de President".
Och bannent de Republikaner ass de Blanche ëmstridden. Kritesch hunn der e puer seng Participatioun un engem ëmstriddene Milliarde-Fong gesinn, aus deem presuméiert Justizaffer entschiedegt solle ginn - dorënner d'Trump-Supporter, déi de 6. Januar 2021 de Kapitol gestiermt haten. De Blanche huet op d'Kritik hin de Fong an Héicht vun 1,8 Milliarden US-Dollar annuléiert, och well en de Republikaner virun de Kongresswalen Ufank November wuel méi geschuet wéi genotzt hätt.
E Samschdeg huet de Senat den Todd Blanche zwar als Justizminister confirméiert. Dat awer nëmme mat knapp 50 zu 49 Stëmmen. Mat der Susan Collins an der Lisa Murkowski hunn zwou republikanesch Senateurinne géint den 52 Joer alen Affekot gestëmmt.
D'Senateure vun den Demokrate geheien dem Blanche ausserdeem e mangelhaften Ëmgang den Dossieren iwwer de Sexualstroftäter Jeffrey Epstein. De Blanche hätt méi doru geschafft, Schued vum Trump ofzewenden, wéi déi zur Recheschaft ze zéien, déi wuel an d'Verbrieche verwéckelt waren, kritiséieren d'Senateurin Patty Murray an hire Kolleeg Chris Van Hollen.
2023 hat den Trump de Blanche als säi perséinlechen Affekot agestallt. Den Affekot sollt den Immobiliemogul no senger éischter Amtszäit géint eng presuméiert "Hexejuegd" vun den Demokrate verdeedegen. Am Prozess ëm Schweigegeld géint d'Pornoactrice Stormy Daniels hat de Blanche de gewënschte Fräisproch allerdéngs net erreecht - den Trump gouf a 34 Uklopunkte schëlleg gesprach.
Méi Succès hat de Blanche awer bei der Verdeedegung vum Trump wéinst dem Stuerm op de Kapitol a wéinst geheimen Dokumenter, déi op sengem Terrain zu Mar-a-Lago a Florida fonnt gi waren. Nodeems den Affekot d'Ermëttlunge vum Spezialermëttler Jack Schmith an d'Längt gezunn hat, huet de Smith de Fall 2024 fale gelooss, nodeems den Trump nach emol als President gewielt gouf.