
Den US-Vizepresident JD Vance huet e Sonndeg op der Plattform X bekannt ginn, datt hien eng véiert Kéier Papp ginn ass. Wéi et heescht hunn hien a seng Fra Usha e weidere Jong kritt.
"D'Usha an de Bëbee si glécklech a gesond, an eis Kanner freeë sech immens op hire klenge Brudder", huet den 41 Joer ale Vance matgedeelt. D'Famill huet schonn zwee Jongen an ee Meedchen, all manner wéi zéng Joer al.