
"Mir kënne confirméieren, datt een endgültegen, eestëmmeg ofgestëmmten Text vum Friddensaccord do ass", esou de Sharif e Freideg op der Online-Plattform X. Pakistan géif elo enk mat béide Säiten zesummeschaffen, fir déi nächst Schrëtt ofzeschléissen, esou de Sharif nach.
"Fridde war nach ni esou no ewéi lo", sot de Sharif. Hien huet ausserdeem vun enger "onermiddlecher Desinformatiounscampagne" geschwat, déi vun deene komme géif, déi d'Friddensofkommes gäre sabotéiere géifen.
Virdrun hat schonn den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi op X erkläert, béid Parteie wieren engem Accord "nach ni esou no" gewiescht. Hien dat ausserdeem betount, d'Medie sollte bis zum Ofschloss vun de Gespréicher waarden an net iwwert de Contenu vum Accord spekuléieren. De Contenu géif zu dem richtegen Ablack public gemaach ginn.
Den US-President Trump, dee schonn e puermol erkläert hat, datt d'Gespréicher mam Iran kuerz virum Ofschloss wieren, huet op senger Plattform Truth Social allerdéngs beklot, et wier onméiglech, mat den Iraner am "gudde Glawen ze verhandelen". Iranesch Informatiounen iwwert den Inhalt vun engem Friddensaccord wiere wäit fort vun aller Realitéit.
Déi iranesch Noriichtenagencen Irna a Mehr haten iwwert presuméiert Contenue vun enger Absichtserklärung bericht, déi sech méi wéi eng Wonschlëscht vun Teheran unhéieren hunn. Deemno wieren an engem Accord een Enn vun den Hostilitéiten am Libanon, eng iranesch Kontroll vun der Strooss vun Hormus, d'Fräigab vun iranesche Verméigen an ee Weiderféiere vum Atomprogramm virgesinn.
Dozou sot den US-President Trump op Truth Social allerdéngs: "Déi Conditiounen, déi de Liggemedien zougespillt goufen, hunn näischt mat de Punkten ze dinn, deene mir wierklech zougestëmmt hunn." D'Aussoen aus dem Iran wiere "schwaach an erbäermlech" an d'Iraner "ganz onéierenhaft Mënschen".
An de leschten Deeg hat et trotz denger Wafferou, déi Ufank Abrëll a Kraaft getruede war, ëmmer nees géigesäiteg Ugrëff ginn. D'US-Militär hat Ziler am Iran ugegraff an Teheran huet mat Rakéiten- an Dronenugrëff op US-Basen am Bahrain, a Jordanien an a Kuwait reagéiert. An der Nuecht op e Freideg war et allerdéngs roueg bliwwen.