
Et sollen "déi häertst Sanktiounen an der Geschicht" ginn. Dat op d'mannst huet den US-Finanzminister Bessent ugekënnegt, dat am Virfeld vun enger Pressekonferenz e Méindeg. D'USA plangen nämlech nei Sanktioune géint den Iran.
De Scott Bessent schwätzt op der Plattform X vun der gréisster finanzieller Offensiv, déi jee géint ee Géigner mobiliséiert gi wier. Et géing een elo an "d'Endphas" vum Irankrich kommen, heescht et weider am Post vum US-Finanzminister.