Weider UkloUSA reprochéiere Maduro elo och Folter

AFP, iwwersat vun RTL
Nieft dem Reproche vun Drogenterrorismus musse sech de fréiere venezuelanesche President a seng Fra elo och wéinst Foltervirwërf veräntwerten.
Der entmachtete venezolanische Präsident Nicolás Maduro und seine Ehefrau Cilia Flores müssen sich in den USA nun auch wegen Foltervorwürfen verantworten.
Dem Nicolas Maduro a senger Fra Cilia Flores ginn Drogenterrorismus a Folter reprochéiert.
© AFP/Archiv

De fréiere venezuelanesche President Nicolás Maduro muss sech an den USA elo och wéinst Folterreprochë veräntwerten. De Parquet huet en Donneschdeg eng weider Klo géint de Maduro a seng Fra Cilia Flores eragereecht. D'Koppel ass scho wéinst "Drogenterrorismus" ugeklot.

An der neier Klo geet et ënnert anerem ëm e puer net-identifizéiert US-Staatsbierger, déi wärend hirer Haft am Venezuela mat Stroumschléi, Schléi a sougenanntem Waterboarding gefoltert gi wieren. Beim Waterboarding kréien d'Leit esou vill Waasser an d'Nues an an de Mond geschoss, datt se bal erdrénken.

Och Oppositioneller am Venezuela hätten "uerge kierperlechen a psychesche Wéi a Péng" erlidden. Domat hätte si "hir Géigner aschüchteren, schikanéieren an ausschalte" wëllen, och duerch Entféierungen. Den US-Sender CNN hat als éischt iwwer d'Reprochë vu Folter geschwat.

De Maduro war tëscht 2013 an Ufank 2026 President vu Venezuela. Hien a seng Fra goufen am Januar op Uerder vum Trump vun US-Zaldoten zu Caracas festgeholl an op New York bruecht. Hinne soll do d'nächst Joer de Prozess gemaach ginn.

Den Haaptreproche war bis ewell, datt d'Koppel sech un der Spëtzt vu Venezuela mat Drogekarteller alliéiert an tonneweis Kokain an d'USA geschmuggelt hunn. Béid haten am Januar zu New York op net schëlleg plädéiert.

Back to Top
CIM LOGO