Bis zu 200.000 FällUSA wëllen Dausenden Auslänner hir Visaen ewech huelen

AFP, iwwersat vun RTL
Bis zu 200.000 Leit kéinten an de Vereenegte Staaten hire Visa entzu kréien.
Die USA wollen tausenden Ausländern ihre Visa entziehen. Das Außenministerium erklärte am Dienstag in Washington, die Regierung von Präsident Donald Trump wolle damit gegen "Betrug" vorgehen.
Den US-President Donald Trump an den US-Ausseminister Marco Rubio.
© AFP

D'USA wëllen Dausenden Auslänner hir Visaen ewech huelen. Dat huet den Ausseministère zu Washington en Dënschdeg erkläert. D'Regierung wéilt domat géint "Bedruch" virgoen. Betraff si Leit, déi mat engem Touristen- oder Geschäftsvisa an d'USA agereest sinn an dann op der Plaz Asyl ugefrot hunn. Medie schwätze vu bis zu 200.000 Fäll.

D'Visae mat de Bezeechnunge B1 a B2 wiere "fir Leit bestëmmt, déi an hir Heemecht zréck wëllen", heescht et vun engem Spriecher vum US-Ausseministère. "E Visa unzefroen, fir dann eng Asyldemande ze maachen, ass Bedruch - a stellt e Grond fir den Entzuch vum Visa duer."

Wéi vill Leit betraff sinn, huet de Spriecher net gesot. De Prozess wier amgaangen an d'Zuel vun de Betraffene géing sech "dynamesch" erhéijen. E Visa wier e Privileeg a kee Recht.

Europäesch Staatsbierger brauche fir Openthalter vu bis zu 90 Deeg an den USA kee Visa. Hei geet eng elektronesch Areesautorisatioun (Esta) duer, déi virun der Rees iwwer den offizielle Site oder App vun der US-Regierung ugefrot muss ginn.

Wie méi laang wéi 90 Deeg bleiwe wëll, brauch e B1-Visa fir Geschäftsreesen oder e B2-Visa fir Tourismus. Dës Visae kaschten a mussen iwwer US-Konsulater oder zoustänneg Ambassaden ugefrot ginn.

Zanterdeem den Trump nees am Amt ass, huet seng Regierung d'Virgoe géint Migrante massiv verschäerft. Dovu betraff sinn honnertdausene Leit, déi bis ewell illegal oder och legal an de Vereenegte Staate waren.

Back to Top
CIM LOGO