
Washington zitt all d'Employéen aus der US-Ambassad an der saudi-arabescher Haaptstad Riad of. Och d'Famille vun de concernéierte Leit si betraff a sollen d'Land verloossen. D'Kinnekräich ass an der Lescht ëmmer méi heefeg vun Attacke vun der pro-iranescher Huthi-Miliz viséiert.
Den internationale Fluchhafe vu Riad war bannent puer Deeg zweemol getraff ginn, 13 Persoune waren dobäi ëm d'Liewe komm. Saudi-Arabien féiert zanter méi wéi engem Joerzéngt eng Militärkoalitioun un, déi déi international unerkannte Regierung vum Jemen am Kampf géint d'Huthi ënnerstëtzt.
Donieft sinn och d'Personal aus den US-amerikaneschen Ambassaden a Jordanien, am Qatar an am Bahrain, zesumme mat hire Famillen heem ze fléien. Déi Länner ware scho puermol Zil vun iraneschen Ugrëffer.