Dräi Deeg no senger Longekriibsoperatioun huet de Vatikan éischt Fotoe vum Leo XIV. publizéiert. Op béide Biller ass de Poopst ze gesinn, wéi hien an engem Priestergewand eng Mass am Gemelli-Spidol zu Roum hält. Op enger vun de Fotoen ass och dem 71 Joer ale Poopst säi perséinlechen Assistent Edgar Rimacycuna ze gesinn. Dem Vatikan no weisen d'Tester, datt et dem Poopst all Dag besser geet.
"Haut de Moien huet den Hellege Papp e Blutttest gemaach an eng unhalend Verbesserung vu sengem allgemenge Gesondheetszoustand gouf festgestallt", esou de Vatikan. De Leo féiert seng "normal deeglech Aktivitéiten elo komplett selbstänneg" aus, esou heescht et weider. De Chef vun der kathoulescher Kierch krut en Dënschdeg wärend engem Agrëff, deen 90 Minutte gedauert huet, en Adenokarzinom komplett aus der Long erausoperéiert. Dofir gouf den Ënnerlappe vum rietse Longeflillek erausgeholl.
Dem Vatikan no lafen elo weider Ënnersichungen, déi kläre sollen, ob sech awer Metastasen an anere Kierperdeeler forméiert hunn. De Kriibs wier awer an engem fréie Stadium erkannt ginn, esou déi offiziell Matdeelung.