
Eng vun de Gondele vun der Seelbunn an der Géigend vun der italieenescher Stad Neapel war en Donneschdeg erofgefall. Beim Ongléck si véier Leit ëm d’Liewe komm. D’Gondel, déi kuerz virum Sommet war, war nom Rëss vun engem Kabel zu Castellammare di Stabia an d’Déift gefall, sou déi italieenesch Rettungsekippen.

D’Seelbunn féiert d’Visiteure vu Castellammare di Stabia bis op d’Spëtzt vum Bierg Faito op ronn 1.200 Meter. Vum Bierg aus huet een normalerweis e Bléck op de Golf vun Neapel. D’Siicht war um Dag vum Ongléck awer duerch décken Niwwel net gutt.

Éischten Informatiounen no ware fënnef Leit an der Kabinn. Nieft de véier Doudesaffer gouf eng Persoun schwéier blesséiert. Den Autoritéiten no handelt et sech bei den Doudesaffer ëm zwee Touristen aus England, engem aus Israel wéi och engem aus Italien. U Bord war och e Mataarbechter vun der Bedreiwerentreprise EAV.
Duerch décken Niwwel a schlecht Wieder waren d’Biergungsaarbechte méi komplizéiert. Aus zwou weidere Kabinne vun der Bunn goufen am Ganze 16 Passagéier mat Seeler gerett.
Den italieenesche Parquet huet eng Enquête lancéiert.
1960 war et schonn eng Kéier zu engem déidlechen Accident bei där Seelbunn komm. Eng Gondel hat sech vun de Seeler geléist a war op d’Schinnen ënnendrënner gefall. Deemools ware véier Leit ëm d’Liewe komm.
